Aktivitéiten

Mer paken et un!
De Syndicat d’Initiative vu Béiwen besteet aus engem Grappvoll Memberen. Zu den Haaptaktivitéiten gehéiert: méinen, usträichen, flécken, Weeër ofgouen an an der Rei halen, eng gutt Ambiance am Duerf zesummen oprecht ze erhalen.

Schaffdag

Am Juni invitéiert de S.I.B. regelméissig fir de Schaffdag, fir dat ze flécken a nei ze maachen, wat eis am Laf vum Joer opgefall ass. Jidfereen ass wëllkomm.
Schaffdag Bavigne Béiwen

Léifrawësch Dag

Am August gëtt fir Léifrawësch-Dag eng Mass am Fräien bei der Kapell um Harelerberg ofgehal. De S.I.B. këmmert sich drëms datt alles bei der Kapell an der Rei ass an mat Hëllef vun den Duerflekt ginn kleng Wëscher op der Hand gemeet (bis zu 150 Stéck), déi dann owes no der Mass verdeelt ginn.
bavigne.lu